Iwwer Météo Boulaide

Präzis an aktuell. Dag fir Dag.

 

Météo Boulaide, gegrënnt am Dezember 2009 vum Philippe Ernzer, ass e private Wiederdéngscht. No iwwer 10 Joer am Asaz areechen d’Prognosen eng héich Trefferquot – Spezialgebitt: Prognos vun Onwiedersituatiounen.
Zesumme mat den Donnéeë vun eegene Moossstatioune souwéi och duerch d’Auswäerte vu sëllege Wiedermodeller ginn all Dag op mannst zwee mol präzis a verlässlech Wiederprognosen un de Public erausginn. De Virdeel am Géigesaz zu de meeschte Wieder-Apps: all d’Prognose sinn handgemaach, Feeler vun informateschem Uersprong ginn et also wäitgoend keng. Iwwerdeems sech de Gros vun den Apps just op 1 bis 2 Modeller bezéien a nët duerch Mënschenhand kontrolléiert/iwwerwaacht ginn, fléissen an d’Prognose vu Météo Boulaide all méiglech Szenarien an, déi duerch 10 Joer Experienz korrekt a plausibel interpretéiert ginn.

Météo Boulaide publizéiert séng Déngschter fir de Public ënner meteoboulaide.com, mee och iwwer déi sozial Netzwierker wéi Facebook. An Tëschenzäit huet sech den Déngscht am Land etabléiert a gëlt als verlässlech Referenz. Mat duerchschnëttlechen 240.000 Visitten am Mount ass Météo Boulaide de gréisste private Wiederdéngscht zu Lëtzebuerg.

10, Massewee L-9633 Baschleiden, Luxembourg
+352 621 662 324


© ErnzerMedia s.à.r.l.-S, 2020